---
title: "37 Angeboter &#8220;Tourismus &amp; Kultur fir Jiddereen&#8221; a Liichter Sprooch"
description: "De Syndicat Intercommunal Kanton Réiden huet en neie Classeur erausbruecht: \"Tourismus &amp; Kultur für Alle“. Dësen enthält 37 verschidden Offeren, déi a sechs Kategorien agedeelt sinn: guidéiert Visitten, Trëppelweeër, sportlech…"
image: "https://www.liichtsprooch.lu/wp-content/uploads/2026/04/classeur-tourisme-pour-tous-cover.jpg"
url: "https://www.liichtsprooch.lu/liicht-sprooch-blog/publikatiounen/37-angeboter-tourismus-kultur-fir-jiddereen/"
date: "2026-02-28T07:48:00Z"
modified: "2026-06-07T18:55:50Z"
---

De Syndicat Intercommunal Kanton Réiden huet en neie Classeur erausbruecht: **“Tourismus & Kultur für Alle“**.

Dësen enthält **37 verschidden Offeren**, déi a sechs Kategorien agedeelt sinn: guidéiert Visitten, Trëppelweeër, sportlech Aktivitéiten, Gastronomie, Iwwernuechtungen a kulturell Evenementer.

D’Haaptzil ass et, den Tourismus méi inklusiv ze maachen. Besonnesch Leit mat enger intellektueller Behënnerung sollen en einfachen Zougang zu dësen Offeren hunn. Gläichzäiteg ginn Acteuren am Tourismus an d’Allgemengheet fir dës Thematik sensibiliséiert.

De Classeur ass an Zesummenaarbecht mat regionale Partner entstanen a bitt eng praktesch Orientéierung fir jiddereen, deen d’Regioun entdecke wëllt.

🔗 [Lued déi digital Versioun (PDF) vum Classeur erof. Sprooch: Däitsch](https://www.visitguttland.lu/fileadmin/visitguttland/PDF/Tourismus_f%C3%BCr_alle/A4_Classeur_ORT_Interieur_2025-LR_03122025.pdf)

![](https://www.liichtsprooch.lu/wp-content/uploads/2026/04/classeur-tourisme-pour-tous.jpg)Foto : Op der Schock![](https://www.liichtsprooch.lu/wp-content/uploads/2026/04/classeur-tourisme-pour-tous-groupe-1024x768.jpg)Foto : Quell vum Artikel**Quellen :**

- [Den neie Classeur „Tourismus & Kultur für alle“](https://news.kanton-reiden.lu/de/aktuelles/2026-01-26/den-neie-classeur-tourismus-kultur-fuer-alle) – Kanton Réiden