---
title: "Wou fanne mir Liicht Sprooch am Alldag zu Lëtzebuerg?"
description: "Wou fannt Dir Liicht Sprooch zu Lëtzebuerg? Informatiounen iwwer Guichet.lu, Infocrise.lu, Walinformatiounen a Dokumentermodeller. FALC a Leichte Sprache fir méi Accessibilitéit am Alldag."
image: "https://www.liichtsprooch.lu/wp-content/uploads/2025/11/easy-read-document.jpg"
url: "https://www.liichtsprooch.lu/liicht-sprooch-blog/publikatiounen/liicht-sprooch-am-alldag-entdecken/"
date: "2025-10-12T19:01:00Z"
modified: "2026-06-07T18:56:17Z"
---

Vläicht frot Dir Iech: “Wou fanne mir eigentlech Liicht Sprooch zu Lëtzebuerg?” D’Äntwert: Op ëmmer méi Plazen! Mir weisen Iech déi wichtegst Beispiller.

## [Guichet.lu](http://Guichet.lu) – De Portal fir Verwaltungsservicer

Zanter Dezember 2019 huet d’Redaktiounsekipp vu [Guichet.lu](http://Guichet.lu) eng Serie vu Fiches descriptives a Liichter Sprooch op Däitsch publizéiert. Am Juni 2022 ass déi éischt Fiche och am FALC (Facile à lire et à comprendre) verfügbar ginn.

**Wat fanne mir op [Guichet.lu](http://Guichet.lu) a Liichter Sprooch?**

Déi éischt Fiche a Liixhter Sprooch war de Pacte civil de solidarité (PACS). De Rubrique “Easy-to-read” op [Guichet.lu](http://Guichet.lu) bitt elo e grousse Choix u Prozeduren, déi souwuel op Däitsch wéi och op Franséisch a Liichter Sprooch geschriwwe sinn.

**Wéi eng Theme gi behandelt?**

Fichen op [Guichet.lu](http://Guichet.lu) betreffen all d’Beräicher vum Alldag vun de Bierger. Beispiller:

- PACS (Zivilpakt)
- Ëmzuch deklaréieren
- Walprozeduren
- Sozial Hëllef
- Familjen-Dokumenter

Fir d’Gemengewalen 2023 huet [Guichet.lu](http://Guichet.lu) nei Informatiounssäiten a Liichter Sprooch publizéiert déi d’Prozedure fir d’Gemengewalen zu Lëtzebuerg erklären.

Méi Rezent, am Abrëll 2026, ass en Artikel iwwer de “[Bilan 30](https://guichet.public.lu/de/leichte-sprache/famille-education/famille/bilan-30.html)” a Liichter Sprooch publizéiert ginn.

**Wéi eng Sproochen?**

Op [Guichet.lu](http://Guichet.lu) fannt Dir Texter haaptsächlech an:

- **Leichte Sprache** (Däitsch) – déi meescht Texter
- **FALC** (Franséisch) – zanter 2022
- D’Lëscht gëtt reegelméisseg erweidert

**E grousse Succès**

Am Januar 2020 huet RTL bericht datt an dem Joer iwwer **3000 Opriff** vun den Internetsäite mat Artikelen a Liichter Sprooch gezielt goufen. De Feedback vun den Utilisateure war positiv. De Pilotprojet vum CTIE huet gewisen datt et eng grouss Demande fir Texter a Liichter Sprooch gëtt.

## [Infocrise.lu](http://Infocrise.lu) – Wichteg Informatiounen am Noutfall

Op [Infocrise.lu](http://Infocrise.lu) fannt Dir wichteg Dokumenter a Liichter Sprooch iwwer verschidden Noutfallsituatiounen:

**Verfügbar Dokumenter:**

- [Was tun bei Atomalarm?- leichte Sprache (Pdf, 568 KB)](https://infocrise.public.lu/dam-assets/publications/leichte-sprache/ls-atomalarm-de.pdf)
- [Was tun bei Hochwasser? – leichte Sprache (Pdf, 447 Ko)](https://infocrise.public.lu/dam-assets/publications/leichte-sprache/ls-hochwasser-de-v20-version-finale.pdf)
- [Que faites-vous quand il y a des inondations?-facile à lire (Pdf, 438 Ko)](https://infocrise.public.lu/dam-assets/publications/leichte-sprache/ls-hochwasser-lu-alert-traduction-fr-v20-version-finale.pdf)
- [Was tun bei viel Regen? – leichte Sprache (Pdf, 364 Ko)](https://infocrise.public.lu/dam-assets/publications/leichte-sprache/ls-regen-de.pdf)
- [Que faire quand il pleut beaucoup? – facile à lire (Pdf, 372 Ko)](https://infocrise.public.lu/dam-assets/publications/leichte-sprache/ls-regen-fr.pdf)

**Firwat ass dat esou wichteg?**

Am Noutfall muss jidderee wësse wat ze maachen ass. D’Broschür “Wat maache mer bei Atomalarm?” zum Beispill gëtt et a ville Sproochen (Däitsch, Englesch, Franséisch, Lëtzebuergesch a Portugisesch). D’Informatioun muss séier a kloer sinn – fir jiddereen.

**Méi wéi nëmmen Texter**

[Infocrise.lu](http://Infocrise.lu) bitt:

- PDF-Dokumenter zum eroflueden
- Kloer Instruktioune mat Biller
- Informatiounen iwwer Apps wéi GouvAlert
- Erklärunge vun de Sirenen-Signaler

D’Matarbechter vum Inneministère hunn d’Texter a Liichter Sprooch zesumme mat Klaro an der Préifgrupp vun den APEMH-Atelieren erstallt. D’Piktogrammer kommen och vu Klaro.

## Zentrum fir politesch Bildung (ZPB) – Informatiounen iwwer Walen

2017 huet den ZPB schonn zesumme mat Klaro en Heft an e Plakat zu de Gemengewalen a Liichter Sprooch erausginn.

**Accessibel Walen zanter 2023:** Fir d’Parlamentswalen 2023 huet d’Regierung zesumme mat Klaro, dem ZPB, Info-Handicap an anere Partner e ganze Pak u Moossnamen agefouert fir Walen accessibel ze maachen:

- Walinformatiounen a Liichter Sprooch (Däitsch, Franséisch, Englesch)
- Taktil Walmodeller fir Leit mat visueller Behënnerung
- Transportmëttel (Adapto) fir den Transport zum Walbüro
- Walrecht fir all Erwuessener, och déi ënner Tutelle
- Verbesserte Layout vum Walziedel mat Logoe vun de Parteien
- Informatiounsowender mat Politiker fir Leit mat Liesschwieregkeeten

## Mediation Scolaire – Schoulsituatiounen verstoen

D’Mediation Scolaire bitt Informatiounen a Ressourcen un, déi hëllefe Schoulsituatioune besser ze verstoen. Op hirer Websäit fannt Dir Texter a Liichter Sprooch (op Däitsch), déi souwuel d’Roll vun der Mediatioun wéi och d’Rechter vu Schüler erklären.

**Wat ass besonnesch?**

Op [MediationScolaire.lu](http://MediationScolaire.lu) ginn Texter an der däitscher Liichter Sprooch presentéiert, awer et gëtt och eng Versioun op Lëtzebuergesch an einfacher Sprooch – well et nach keng ofiziell lëtzebuerger Reegele fir Liicht Sprooch gëtt.

## Dokument-Modeller: Alldag-Dokumenter einfach verstoen

Klaro huet och e puer Dokument-Modeller entwéckelt, déi fir jidderee fräi zur Verfügung stinn:

**1. Bail (Mietvertrag) a Liichter Sprooch** E Bail huet oft komplizéiert Juristesch Säz. De Bailmodell a Liichter Sprooch hëlleft Leit déi e Wunnraum lounen hir Rechter a Pflichte besser ze verstoen.

**2. Paiziedel (fiche de Paie) a Liichter Sprooch** De Paiziedel ass voll mat Ofkierzungen a komplizéierte Begréffer. E Modell a Liichter Sprooch hëlleft Aarbechter ze verstoe wat si verdéngen a wat ofgezu gëtt.

## Op wéi engen aner Plazen?

**Kulturell Institutiounen:** Muséeën a Bibliothéike fänken un Texter a Liichter Sprooch unzebidden. Dëst mécht Kultur méi zougänglech fir jiddereen.

**Gesondheetsinformatiounen:** Verschidde Gesondheetsinformatiounen, besonnesch zum COVID-19, goufen wärend der Pandemie a Liichter Sprooch verfügbar gemaach.

**Gemenge-Informatiounen:** Ëmmer méi Gemenge fänken u wichteg Informatiounen a Liichter Sprooch ze veröffentlechen.

---

**Quellen:**

- [Guichet.lu (2022): “Guichet.lu publie sa première fiche descriptive en français facile”](https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2022/06-juin/28-francais-facile.html)
- [RTL (2020): “Mat Hëllef vun der liichter Sprooch den Online-Zougrëff vereinfachen”](https://www.rtl.lu/news/national/a/1453901.html)
- [Infocrise.lu](http://Infocrise.lu): Leichte Sprache Rubrique
- [Projekt-Dokumentatioun: ZPB Facebook Post 2017](https://www.facebook.com/ZentrumfirpoliteschBildung)
- [elections.public.lu (2023): “Accessibel Wale fir jiddereen”](https://elections.public.lu/)
- [Gouvernement.lu (2024): “Création d’une nouvelle thématique Inclusion”](https://guichet.public.lu/fr/citoyens/actualites/2024/juin/21-inclusion.html)