---
title: "Cap&#8217;FALC an Accessilingua &#8211; Zwee Weeër an dat selwecht Zil"
description: "Wéi Frankräich a Lëtzebuerg un der Zukunft vun der Liichter Sprooch schaffen A Frankräich gëtt Cap'FALC entwéckelt, zu Lëtzebuerg Accessilingua. Béid Projete benotze Kënschtlech Intelligenz (KI) fir Texter a Liicht…"
image: "https://www.liichtsprooch.lu/wp-content/uploads/2025/07/Pins-France-Luxembourg.jpg"
url: "https://www.liichtsprooch.lu/liicht-sprooch-blog/technologie/cap-falc-a-accessilingua-zwee-weeer-an-dat-selwecht-zil/"
date: "2025-07-17T19:04:00Z"
modified: "2026-06-07T18:56:20Z"
---

## Wéi Frankräich a Lëtzebuerg un der Zukunft vun der Liichter Sprooch schaffen

A Frankräich gëtt Cap’FALC entwéckelt, zu Lëtzebuerg Accessilingua. Béid Projete benotze Kënschtlech Intelligenz (KI) fir Texter a Liicht Sprooch z’iwwersetzen. Mä d’Approchen, d’Zilgruppen an d’Philosophië sinn ënnerschiddlech. Et ginn ebe verschidde Weeër fir dat selwecht Zil z’erreechen.

## Wat hunn si gemeinsam?

Ier mir op d’Ënnerscheeder aginn, kucke mir fir d’éischt wat béid Projete gemeinsam hunn:

**1. D’Technologie**
Béid benotze Kënschtlech Intelligenz fir Texter ze vereinfachen. D’KI analyséiert komplizéiert Texter a proposéiert méi einfach Versiounen, déi de Reegele vun der Liichter Sprooch entspriechen.

**2. D’Zil**
Béid Projeten hunn dat selwecht Haaptzil: Méi Texter a Liicht Sprooch produzéieren – a méi séier. Ouni dës Technologie dauert et 2 Stonne fir een eenzegen Text vu 500 Wierder a Liicht Sprooch ze iwwersetzen.

**3. D’Limitte vun der KI**
Béid Projeten ënnersträichen: **D’KI ass en Hëllefmëttel, keen Ersatz fir mënschlech Experten.** Eng mënschlech Relecture a Validatioun bleift essenziell.

**4. D’Reegele**
Béid baséieren op de Reegele vun Inclusion Europe, fir FALC (Frankräich) oder Leichte Sprache (Däitschland/Lëtzebuerg).

**5. D’Haaptiddi**
Béid Projeten deelen d’Iwwerzeegung dass Informatioun muss fir jiddereen zougänglech sinn. Kënschtlech Intelligenz kann hëllefen, dëst Zil méi séier z’erreechen.

## Wou sinn d’Ënnerscheeder?

Trotz dëse Gemeinsamkeeten ënnerscheeden sech déi zwee Projeten staark:

### Ursprong a Kontext

AspektCap FALCAccessilingua**Land**FrankräichLëtzebuerg**Initiator**UNAPEI (Associatioun fir Leit mat Beanträchtegung)GovTech Lab (Ministère fir Digitaliséierung)**Startdatum**20182024**Partner**Meta AI, INRIATeam SoftGiant, CTIE, Klaro**Cap’FALC** ass aus der FALC-Beweegung selwer entstanen. D’UNAPEI, déi national Associatioun fir Leit mat intellektueller Beanträchtegung, huet gesinn dass d’Land méi Iwwersetzungskapazitéit braucht. Also hunn si deen Outil entwéckelt.

**Accessilingua** ass eng top-down Approche: D’Regierung huet gesinn, datt op guichet.lu net genuch Texter a Liicht Sprooch existéieren, well d’Produktioun ze laang dauert. Also huet de GovTech Lab en Appel à Solutions gemaach.

### Zilpublikum

**Cap’FALC:**

- FALC-Atelieren a Frankräich
- Transcripteuren aus ESAT (Atelieren a Betriber fir Leit mat Beanträchtegung)
- Zougang prioritär fir Leit déi am FALC forméiert sinn

**Accessilingua:**

- Ëffentlech Verwaltung zu Lëtzebuerg
- Redakteure vu guichet.lu, infocrise.lu asw.
- Am Ufank: Nëmmen fir Regierungsorganer
- **Espoir:** Spéider eventuell fir de breede Public

**De wichtegsten Ënnerscheed:** Cap FALC ass en Tool **VU** Leit mat Beanträchtegung **FIR** Leit mat Beanträchtegung. Accessilingua ass en Tool fir d’Verwaltung – mat Hëllf vu Klaro entwéckelt – fir Dokumenter z’erstellen déi vu Leit mat Beanträchtegung gelies ginn.

### Funktionalitéiten

**Cap FALC bitt:**

- **KI-Simplificateur:** Proposéiert méi einfach Sätz
- **Kollaborativen Diktionär:** Definitiounen déi vu Benotzer gemaach ginn
- **Kollaborativ Billerdatebank:** Illustratiounen déi gedeelt ginn
- **Community-Feature:** All Benotzer kann zu der Iwwersetzungensfunktioun bäidroen

**Accessilingua bitt:**

- **KI-Iwwersetzung:** Generéiert Texter a FALC/Leichte Sprache
- **Lëtzebuerger Adaptatioun:** Berücksichtegt lokal Wierder (z.B. “Formation” amplaz “Weiterbildung”, “Chamberwal” amplaz “Parlamentswal”)
- **Zwou Sproochen:** Franséisch (FALC) an Däitsch (Leichte Sprache)
- **Integratioun:** Direkt mat Guichet.lu an aner Regierungssäiten

**De wichtegsten Ënnerscheed:** Cap’FALC ass e kompletten Aarbechts-Environment mat Community-Features. Accessilingua ass méi fokusséiert op d’Iwwersetzungsfunktioun.

## Conclusioun

Cap FALC a Accessilingua si keng Konkurrenten. Si si Beispiller vu verschiddenen Approchen, jeeweils fir d’Land a fir den Zilpublikum optimiséiert. Béid Projete weisen:

✅ Kënschtlech Intelligenz ka Liicht Sprooch demokratiséieren
✅ Mënschlech Validatioun bleift essentiell
✅ Et brauch een techniesch a kreativ Léisunge fir méi Informatioune fir jiddereen zougänglech ze maachen

---

**Quellen:**

- [UNAPEI: Un projet de recherche](https://falc.unapei.org/linnovation-capfalc/la-recherche/)
- [UNAPEI: Comment fonctionne Cap’FALC](https://falc.unapei.org/linnovation-capfalc/comment-marche-cap-falc/)
- [GovTech Lab Luxembourg (2024): AccessiLingua – Appel à solutions](https://govtechlab.public.lu/fr/call-solution/2024/accessilingua.html)
- [MinDigital (2024): Demo Day AccessiLingua](https://ctie.gouvernement.lu/en/actualites.gouv2024_mindigital+fr+actualites+article+2024+demo-day-accessilingua.html)
- [accessibilite.lu (2025): Interview mat Klaro](https://accessibilite.public.lu/fr/news/2025-04-22-Klaro.html)