FALC vs Leichte Sprache vs Liicht Sprooch – D’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg

Eng Sprooch geet net méi duer

Lëtzebuerg ass ee vun de méisproochegste Länner an Europa. D’Lëtzebuerger Bevëlkerung wiisst scho laang net méi vill duerch Gebuerten, mä duerch Immigratioun. Dëst huet eng direkt Konsequenz: Liicht Sprooch muss och multilingual sinn.

D’Situatioun haut: Haaptsächlech Däitsch

Zu Lëtzebuerg gëtt aktuell virun allem déi däitsch Leichte Sprache benotzt, well de Lëtzebuerger Schoulsystem historesch ëmmer staark op Däitsch opgebaut war. Lëtzebuerger kënnen Däitsch liesen, och wann et net hir Mammesprooch ass. Dofir ass Leichte Sprache déi meescht benotzt Form vu Liichter Sprooch am Land.

FALC: Fir déi franséischsproocheg Matbierger

Nieft der däitscher Liichter Sprooch gëtt och FALC (Facile à lire et à comprendre) – och oft Facile à lire genannt -ëmmer méi wichteg. D’Redaktiounsekipp vu Guichet.lu huet zanter 2019 Texter a Leichte Sprache publizéiert, an 2022 och déi éischt Fichen a FALC.

FALC mécht Informatiounen am Franséische méi einfach a verständlech – besonnesch fir Leit mat Behënnerung, Dyslektiker, eeler Leit oder Persounen, déi net gutt Franséisch kënnen.

Méisproocheg Schoulen a franséischsproocheg Kanner

Zanter ville Jore ginn et zu Lëtzebuerg ëmmer méi international a franséischsproocheg Schoulsystemer. Vill Kanner léieren do Franséisch als Haaptsprooch, net Däitsch. Et ass also wichteg, dass déi franséisch FALC an och déi englesch Liicht Sprooch „easy language“ eng Plaz an eiser Sproochelandschaft kréien.

Liicht Sprooch op Lëtzebuergesch: Nach Loft no uewen

Bis elo gëtt et keng offiziell definéiert Liicht Sprooch op Lëtzebuergesch. D’Sprooch ass orthografesch a grammatesch net ëmmer einfach, wat d’Schafe vu klore Reegele komplizéiert mécht.

Allerdéngs schafft Klaro zesumme mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) un der Entwécklung vu Reegele fir eng Lëtzebuergesch Liicht Sprooch. Dës Reegele solle bis Enn 2025 definéiert ginn.

Et ass eng grouss Erausfuerderung, well vill Leit net vill Lies- a Schreifkompetenzen am Lëtzebuergeschen an der Schoul geléiert hunn. Trotzdeem gëtt d’Demande ëmmer méi grouss.

Konsequenzen am Alldag

1. Guichet.lu a verschiddene Sproochen
Guichet.lu publizéiert Texter souwuel a Leichte Sprache wéi och a FALC. Dëst geschitt a Kooperatioun mat Klaro.

2. Recommandatioune vu Klaro
Klaro recommandéiert, Texter a béide Varianten unzebidden – also a Leichte Sprache an a FALC. D’Auswiel hänkt awer ëmmer vum Zilpublikum of.

3. Lëtzebuerger Spezifizitéiten
Op Lëtzebuergesch ginn oft Wierder aus dem Franséischen an aus dem Däitschen ofgeleet. Oft sinn och d’lëtzebuerger Wierder anescht wéi hier auslännesch Originnen. Zum Beispill, „Chamberwalen“ amplaz „Parlamentswalen“. Dofir ass eng lokal Adaptatioun vun Texter wichteg.

D’Zukunft: Dräi Liicht Sproochen

An der Zukunft misst Lëtzebuerg dräi Haaptforme vu Liichter Sprooch hunn:

  1. Leichte Sprache (Däitsch) – aktuell déi meescht benotzt
  2. FALC (Franséisch) – wichteg fir de franséischsproocheg Bevëlkerung
  3. Liicht Sprooch (Lëtzebuergesch) – nach an Entwécklung

Aktuell Entwécklungen

Accessilingua – Kënschtlech Intelligenz fir Liicht Sprooch
Am Kader vun engem Appel à Projets vum Digitalisatiounsministère gouf 2024 e Projet ausgewielt, fir en Tool mat kënschtlecher Intelligenz (AI) z’entwéckelen. Dësen Tool soll bei der Erstellung vu Liichter Sprooch hëllefen. Déi éischt Resultater si villverspriechend, mä all Text brauch nach ëmmer eng mënschlech Préiwung virun der Validatioun.

Wichteg Messagen

Méisproochegkeet ass eng Stäerkt, keng Schwächt.
Lëtzebuerg soll Liicht Sprooch a verschiddene Sproochen ubidden, fir d’Diversitéit vun der Bevëlkerung ze respektéieren.

Lëtzebuergesch brauch Reegelen.
D’Entwécklung vu klore Reegele fir eng Lëtzebuergesch Liicht Sprooch ass en essentielle nächste Schrëtt.

Qualitéit viru Quantitéit.
All Text, egal a wéi enger Sprooch, soll vun qualifizéierte Préifer validéiert ginn.

Quellen: