Cap’FALC – Innovatioun aus Frankräich fir Liicht Sprooch
Wann d’Kënschtlech Intelligenz d’Transcripteuren ënnerstëtzt
A Frankräich ass d’UNAPEI, déi grouss national Associatioun fir Leit mat intellektueller Beanträchtegung, e besonnesche Wee gaangen: Mat Cap FALC hunn si en Tool entwéckelt, deen net nëmme KI benotzt, mä deen och zesumme mat Leit mat Beanträchtegung a mat Transkripteure gebaut gouf. E Modell, dee weist wéi Participatioun an der Entwécklung vun Technologie funktionéiere kann.
Wat ass Cap FALC?
Cap’FALC ass en Online-Tool deen et méi einfach mécht, Dokumenter a FALC – déi franséisch Liicht Sprooch – ze erstellen. Den Tool kombinéiert verschidde Funktionalitéiten:
1. En Algorithmus mat Kënschtlecher Intelligenz
D’KI proposéiert méi einfach Sätz, déi de Reegele vum FALC entspriechen. Mä Opgepasst: Et ass de Transcripteur deen decidéiert ob d’Propositioun gutt ass oder nach muss ugepasst ginn.
2. E kollaborativen Dictionnaire
All Benotzer huet Zougang zu Definitioune vu Wierder a Konzepter, geschriwwen no de Reegele vum FALC. All Benotzer kann och seng eegen Definitiounen dobäisetzen.
3. Eng kollaborativ Billerdatebank
Fir d’Dokumenter mat Biller z’illustréieren, gëtt et eng Sammlung vu gedeelte Biller. Genau wéi beim Dictionnaire kann all Benotzer seng eege Biller dobäisetzen.
Wéi ass Cap’FALC entstanen?
D’Geschicht vu Cap’FALC huet e besonnesche Wee.
De Kontext: FALC zu Frankräich
Virun ongeféier 15 Joer huet d’UNAPEI ugefaang, d’Gesellschaft drop opmierksam ze maachen, datt Informatioun fir Leit mat intellektueller Beanträchtegung zougänglech muss ginn. Si hunn d’Methode FALC (Facile à Lire et à Comprendre) promouvéiert.
No e puer Joer gouf d’Nofro ëmmer méi grouss. Vill Organisatiounen, Entreprisen an Institutioune wollten hir Texter a FALC schreiwen oder iwwersetzen. Mä et war kloer: Fir eng richteg Barrierefräiheet sollte nach vill méi Texter iwwersat ginn. E kolossale Projet!
De Start vum Projet
2018 huet d’UNAPEI decidéiert ze handelen. Si hunn e Fuerschungsprojekt gestart, deen an Zesummenaarbecht mat renomméierte Partneren aus der Kënschtlecher Intelligenz gemaach gouf:
- Meta AI (de Fuerschungslabo vu Facebook/Meta)
- INRIA (Institut National de Recherche en Informatique et Automatique)
De Projet gouf ënner dem Héije Patronage vum franséische Sekretariat fir Leit mat Behënnerunge gesat.
D’Fuerscher mat FALC-Erfarung
De Projet gouf engem jonke Wëssenschaftler vertraut: Louis Martin, Doktorand a Fuerscher iwwer Sproochveraarbechtung a Textereinfachung.
Seng Approche war innovativ:
- Formatioun am FALC: Louis Martin huet sech selwer um ESAT de la Roseraie a FALC forméiert
- Immersioun an engem Atelier: Hien huet eng Zäit an engem FALC-Atelier verbruecht – bei de Papillons Blancs de Dunkerque – fir ze verstoe wéi d’Transcriptioun funktionéiert
- Sammlung vun Donnéeën: Hien huet bei Transcriptiounsatelieren Texter gesammelt déi schonn a FALC iwwersat waren
- Algorithmus-Entwécklung: Mat dëse Beispiller huet hien en Algorithmus mat Kënschtlecher Intelligenz entwéckelt, deen automatesch vereinfachten Text generéiert
Co-Entwécklung mat de Benotzer
Mä Cap’FALC ass méi wéi nëmmen en KI-Algorithmus. Den Tool gouf zesumme mat de Leit gebaut, déi hien och benotze wärten.
2020: D’Basis-Entwécklung
Membere vun Transcriptiounsatelieren aus dem UNAPEI-Réseau, d’Associatioun “Nous Aussi” (Selbstvertrieder) an d’CNSA hunn zesummen d’Basis vu Cap’FALC gebaut.
2022: Test-Phase
Transcripteuren aus ESAT vum UNAPEI-Réseau hunn den Tool getest an hire Feedback ginn.
D’Resultat: En Tool deen op ville Niveauen innovativ ass, mä deen och d’Erfarung vun de Benotzer integréiert.
Firwéi ass dës Approche sou speziell?
Participatioun als Prinzip
Cap FALC suivéiert d’gëlle Regel vum FALC: D’Implicatioun vu Leit mat Beanträchtegung. Si sinn net nëmmen “Zilgrupp” – si sinn aktiv un der Entwécklung bedeelegt.
Kënschtlech Intelligenz als Hëllefsoutil
D’KI proposéiert Vereinfachungen – mä d’Leit mat Beanträchtegung entscheeden. Dat ass de Schlëssel: D’Technologie ënnerstëtzt, mä ersetzt net.
Kollaboratioun statt Isolatioun
Mam Dictionnaire an der Billerdatebank schaffen all Benotzer zesummen. All Definitioun, all Bild, hëlleft aneren.
Verëffentlechung
De Rollout huet 2024 ugefaang
Ufank 2024 huet Cap’FALC ugefaang, am UNAPEI-Réseau verbreet ze ginn. Atelier no Atelier gëtt den Tool ageféiert.
D’Zil
D’UNAPEI wëll datt d’Informatioun fir jiddereen zougänglech gëtt. Cap FALC soll d’FALC-Produktioun “demokratiséieren” – also méi Leit ermëglechen, méi Texter a FALC ze produzéieren.
Quellen:
- UNAPEI: Cap FALC – La recherche
- UNAPEI: Comment marche Cap FALC
- GovTech Lab Luxembourg: AccessiLingua Projet
- Interview mat Klaro (accessibilite.lu, 2025)
