Klaro ass den offizielle Kompetenzzenter fir Liicht Sprooch zu Lëtzebuerg a gehéiert zur APEMH Menschen mit einer intellektueller Beeinträchtigung und deren Familien.
Wéini ass Klaro entstanen?
Am Joer 2011 huet Lëtzebuerg d’UN-Konventioun iwwer d’Rechter vu Persoune mat Behënnerungen ënnerschriwwen. Ee Joer méi spéit, 2012, ass Klaro gegrënnt ginn. Zanter déier Zäit setzt sech den Zenter dofir an, datt Liicht Sprooch am ganze Land ka benotzt gëtt.
Wéi funktionéiert Klaro?
Haut schaffen dräi Leit bei Klaro. Hir Haaptmissioune sinn:
1. Informéieren a Sensibiliséieren Klaro ass do fir jiddereen – fir Persounen an Organisatiounen, déi sech iwwer Liicht Sprooch an accessibel Kommunikatioun informéiere wëllen.
2. Formatiounen ubidden Mataarbechter vu Klaro ginn och Coursen. D’Formatioune weise wéi een Texter méi kloer schreiwen an Dokumenter méi zougängleche gestalte kann. Vill Atelieren a Coachinge fannen am Schlass zu Bettange-sur-Mess statt, mee och um INAP fir d’ëffentlech Verwaltung z’ënnerstëtzen.
3. Iwwersetzungen a Validatioun Wann een Text a Liichter Sprooch geschriwwe gëtt, schéckt een dësen un Klaro. Klaro schéckt den Text un hir Zesummenaarbechter mat intellektueller Beanträchtegung, fir den Text ze préifen. D’Préifgrupp vun den APEMH-Ateliere schafft zesumme mam Klaro fir ze kucken ob en Text wierklech einfach ze verstoen ass.
Zesummenaarbecht mat anere Partneren
Klaro schafft enk mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesummen un der Entwécklung vu Reegele fir eng Liicht Sprooch op Lëtzebuergesch. Dës Reegele solle bis Enn 2025 fäerdeg sinn.
Klaro ass och Partner vum Guichet.lu, Infocrise.lu a vum Famillje- a Integratiounsministère. Klaro hëlleft och bei aneren europäeschen Initiative wéi Accessilingua, en Tool mat Kënschtlecher Intelligenz fir automatesch Iwwersetzungen a Liicht Sprooch ze maachen.
Firwat ass Klaro wichteg?
Ouni Klaro wär et schwéier fir Lëtzebuerg grouss Quantitéiten un Texter a Liicht Sprooch ze produzéieren. De Prozess ass komplex an zäitopwänneg. Mä dank Klaro kënne Ministèren, Gemenge, Schoulen an och privat Organisatiounen hir Informatiounen zougänglech maachen – an domat méi Leit erreechen a participéiere loossen.
Niewent Klaro gëtt et nach een anere wichtege Player am Beräich Liicht Sprooch zu Lëtzebuerg: De Service Leichte Sprache vum Centre pour le développement intellectuel (CDI). Mä wat ass de CDI a wat mécht hire Service?
Wat ass de CDI?
De CDI ass e Kompetenzzentrum zu Lëtzebuerg fir Schüler mat intellektueller.
De CDI bitt Betreiung fir Kanner a Jugendlecher mat intellektueller Beanträchtegung un. Dëst beinhalt:
En Defizit an den cognitive Funktiounen (Sprooch, Liesen, Zuelen, Verständnis vu Reegelen, Autonomie)
Eng Mangel un adaptive Funktiounen am Alldag (Kommunikatioun, sozial Participatioun, Selbststännegkeet)
De Service Leichte Sprache – Wat mécht en?
De Service Leichte Sprache deen zum CDI gehéiert huet zwou Haaptziler: Liicht Sprooch ze promouvéieren an Texter a Liicht Sprooch ze iwwersetzen.
D’Missioune vum CDI:
Eng vun de Missioune vum CDI ass et d’Informatioun fir jiddereen zougänglech ze maachen. Dofir benotzt de CDI Liicht Sprooch.
Dës mécht d’Liese fir jidderee méi einfach, besonnesch fir Persoune mat intellektueller Entwécklungsstéierung, Leit mat Sichproblemer, Dyslektiker, eeler Leit a vill anerer.
Firwéi een ass de CDI Service do?
De Service national de l’éducation inclusive (SNEI), souwéi all d’Kompetenzzentre kënnen hir Demande fir Iwwersetzung areechen.
Wat ass de SNEI?
De Service national de l’éducation inclusive huet als Missioun d’Promotioun vun der inklusiver Bildung an d’Entwécklung vun der Qualitéit vun der Betreiung vu Schüler mat spezifesche Bildungsbesoinen ze garantéieren.
Wéi vill Kompetenzzentre gëtt et?
Zu Lëtzebuerg gëtt et aacht Kompetenzzentren an eng Agence déi spézialiséiert si fir op déi spezifesch Besoinen ze reagéieren déi Schüler kënnen hunn:
All dës Zentre kënnen de Service Leichte Sprache vum CDI benotzen!
Wéi funktionéiert d’Demande?
Demande fir Iwwersetzung kënne via Formular op der Internetsäit agereecht ginn. De Service Leichte Sprache kontaktéiert den Demandeur fir déi nächst Schrëtt ze klären.
D’Etappe vun der Aarebcht beim CDI:
D’Websäit vum CDI weist en Diagramm mat de verschiddene Schrëtt:
Demande – Text areechen
Iwwersetzung – Team iwwersetzt den Text
Relecture – Préiwer aus dem CDI préiwen den Text
Validatioun – Text gëtt fräiginn
Liwwerung – Fäerdegen Text zréckschécken
Ween ass den Team?
Den Team besteet aktuell aus engem Conseiller an der Liichter Sprooch, engem Koordinator, Iwwersetzer déi a Liichter Sprooch forméiert sinn, an aus Préiwer, ënnert hinne Schüler vum CDI.
Préiwer aus dem CDI:
Genau wéi beim Atelier Isie vu Klaro, kommen och beim CDI d’Préiwer aus der Zilgrupp: Schüler vum CDI mat intellektueller Beanträchtegung déi hire Feedback ginn ob en Text wierklech einfach ze verstoen ass.
Ënnerscheed tëschent CDI a Klaro
Aspekt
Klaro (APEMH)
CDI Service
Zilgrupp
All Verwaltungen, Firmen, Organisatiounen
Haaptsächlech SNEI a Kompetenzzentren
Beräich
Allgemeng Liicht Sprooch
Bildungsberäich
Sproochen
FALC + Leichte Sprache + Liicht Sprooch
FALC + Leichte Sprache
Préifer
Atelier Isie
CDI-Schüler
Zukünfteg Plang
Lëtzebuerger Reegelen entwéckelen
Erweiderung un Administratioune vum Bildungsministère
Firwat zwee Servicer?
Et mécht Sënn zwee Servicer ze hunn:
✅ Spezialiséierung De CDI Service kennt de Bildungskontext gutt an ass spezialiséiert op Materialien fir Schüler.
✅ Kapazitéit Mat zwee Servicer kënne méi Texter an enger méi kuerzer Zäit produzéiert ginn.
✅ Netzwierk De CDI Service ass direkt mat de Kompetenzzentren a mam SNEI verbonnen – dat vereinfacht d’Kommunikatioun.
✅ Préifer-Pool Méi Préiwer = méi Diversitéit a Feedback.
Wichtegkeet fir d’Bildung
Wat wichteg ass beim CDI, dat ass d’Inclusioun an eng maximal Participatioun un der Gesellschaft. Dat heescht: All Persounen hunn déiselwecht Rechter. All Persounen si iwwerall inkludéiert. All Persounen decidéieren hiert eegent Liewe selwer.
Liicht Sprooch an der Bildung bedeit:
Schüler mat spezifesche Besoinen kënnen hir Schoulmatière besser verstoen
Eltere kënne besser mat Enseignante kommunizéieren
Dokumenter si fir jiddereen zougänglech
D’Zukunft vum Service
De Service Leichte Sprache vum CDI ass nach relativ jonk, mä d’Plang sinn ambitiéis.
An enger noer Zukunft gëtt d’Offer vum Service Leichte Sprache un anern Administratioune vum Bildungsministère erweidert.
Dat heescht: Méi Schoulen, méi Servicer, méi Bildungsinstitutioune kënnen an Zukunft Liicht Sprooch-Texter beim CDI ufroen.
Kontakt:
Centre pour le développement intellectuel Service Leichte Sprache 5, rue Thomas Edison L-1445 Strassen
Wann Digital Inklusioun mat Liichter Sprooch zesummekënnt
De 17. Mee 2025 krut d’APEMH de “Prix de l’inclusion numérique” fir hiren innovative Projet “Starter Pack”. Dëst ass net just e Präis – et ass e wichtege Schrëtt fir méi digital Inklusioun zu Lëtzebuerg.
Wat ass de Projet Starter Pack?
De Starter Pack ass eng kompakt Basis-Formatioun fir Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung. D’Zil ass einfach: De Leit d’Kompetenze ginn, déi si brauche fir an der digitaler Welt unzefänken.
Firwat ass dëst esou wichteg?
An deene leschte Joren huet d’APEMH festgestallt datt vill Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung nach ëmmer vill Barriären an der digitaler Welt erliewen. Esou Problematike verhënneren datt Leit voll a ganz um digitale Liewen deelhuele kënnen:
Du hues e Smartphone, mä du hues Schwieregkeete QR-Coden ze scannen
Du wëlls en App-Konto erstellen, mä fënns dat ze komplizéiert
Du hues e Computer, mä weess net wéi een den Internet am Alldag benotze kann
Wéi funktionéiert de Starter Pack?
D’Formatiounsmoduler
De Starter Pack besteet aus verschiddene Formatiounsmoduler. All Modul ass speziell u Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ugepasst. D’Inhalter sinn op Liichter Sprooch an op Lëtzebuergesch geschriwwen – eng Kombinatioun déi spezifesch ass fir Lëtzebuerg!
Flexibel Léieren
Ganz nom Motto “Design for All” a “Liicht Kommunikatioun” ass de Starter Pack fir jiddereen accessibel:
Du kanns an dengem eegene Rhythmus eleng léieren
Oder zesumme mat aneren an enger Grupp
Mat engem gedréckten Handbuch
Um Computer
Mat Videoen
Déi dräi Phase vum Projet
Phase 1: Definéieren An der éischter Phase ginn d’Formatiounsmoduler definéiert. Dëst geschitt baséiert op der Analyse vun aneren digitale Projeten, déi d’APEMH scho realiséiert huet. Ganz wichteg: Dëst geschitt an enger inklusiver Ekipp – dat heescht, Leit mat intellektueller Beanträchtegung schaffen aktiv mat.
Phase 2: Testen an Adaptéieren De Starter Pack gëtt mat der Zilgrupp getest. Nodeems d’Leit de Starter Pack benotzt hunn, ginn Si Feedback a proposéiere Verbesserungen. D’Moduler gëtt dann adaptéiert fir eng besser Verständlechkeet.
Phase 3: Verëffentlechen Zu gudder Lescht ginn d’Formatiounsmoduler an d’Handbicher um Website lern-plattform.lu verëffentlecht. Esou ka jiddereen drop zougräifen!
Ënnerstëtzung vum Staat
De Projet gëtt vum Ministère de la Digitalisation ënnerstëtzt. Dëst weist wéi wichteg dem Staat digital Inklusioun ass. Et geet net nëmmen drëm datt all Leit Zougang zum Internet hunn, mä och datt si wësse wéi se d’internet benotze kënnen.
Méi wéi just Formatioun
De Starter Pack ass e wichtegt Beispill wéi Liicht Sprooch an Digitalisatioun zesummeschaffe kënnen. Andeems d’APEMH d’Inhalter a Liichter Sprooch an op Lëtzebuergesch verëffentlecht, mécht si digital Inklusioun méi zougänglech wéi jee virdrun.
Dëst ass och e wichtege Schrëtt an der Entwécklung vu Liichter Sprooch op Lëtzebuergesch – e Beräich deen nach am Opbau ass.
D’Léierplattform vun der APEMH
De Starter Pack ass net den eenzege Projet op der Léierplattform. Op lern-plattform.lu fannt Dir schonn elo aner digital Projeten a Ressourcen:
Tutoriele fir verschidden Apps a Programmer
Erklärungsvideeoen a Liichter Sprooch
Praktesch Guide fir den Alldag
Wéini kënnt de Starter Pack?
D’APEMH huet ugekënnegt datt de Starter Pack am Laf vum Joer 2026 verfügbar gëtt. D’Aarbecht ass a vollem Gang!
D’Roll vun der APEMH
D’APEMH setzt sech zënter Jore fir d’Inklusioun an d’Selbstbestëmmung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an. Hir Missioune sinn:
Strukturen a Servicer ubidden, déi un den diverse Bedierfnisser vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ugepasst sinn.
Aktiv zur Verdeedegung vun de Rechter an Interesse vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung bäidroen.
D’Aktivitéitsberäicher vun der APEMH glidderen sech ronderëm folgend Themeberäicher:
Berodung an Orientéierung, Kanner a Famill, Dagesstruktur fir Erwuessener, Ausbildung an Aarbecht, Wunnen, Begleedung an Ënnerstëtzung, Weiderbildungs- a Kompetenzzentren.
Dank dësen ënnerschiddlechen Aktivitéitsberäicher bidden d’APEMH-Atelieren eng villfälteg Auswiel u lokalen an handwierkleche Produite souwéi verschidde Servicer.
Ab Oktober 2022 gouf en neien Atelier fir Liicht Sprooch an inklusiv Kommunikatioun geplangt. Den Atelier Isie ass e mobilen Atelier, deen op verschiddene Standorter vun der APEMH aktiv ass. Hei schaffe jonk Leit mat intellektueller Beanträchtegung – a si sinn déi eenzeg, déi wierklech entscheede kënnen ob en Text einfach ze verstoen ass.
Wat ass den Atelier Isie?
Den Atelier Isie bitt eng berufflech Formatioun fir jonk Leit vu 16 Joer un. Dës Formatioun gëtt um Standort zu Limpach ugebueden, mä well et e mobilen Atelier ass, ginn Aarbechten op de verschiddene Site gemaach: zu Bettange-sur-Mess, Limpach, Hosingen, Bettembourg an Esch-sur-Alzette.
Wéi eng Aarbechte maachen d’Participanten?
D’Aarbechten am Atelier Isie si vilfälteg:
Texter vu schwéier a Liicht Sprooch schreiwen
Informatiounen (Texter, Videoen asw.) a Liichter Sprooch préiwen
D’Zeitung vun den Ateliere schreiwen
Formatiounen iwwer Liicht Sprooch mat halen
Erklärungsvideoe maachen
D’Roll als Préifer: De Schlëssel zur Qualitéit
Déi wichtegst Aufgab vum Atelier Isie ass d’Validatioun vun Texter. Klaro schéckt d’Texter, déi an “Leichte Sprache” oder FALC geschriwwe goufen, un Zesummenaarbechter vum Atelier Isie, déi eng intellektuell Beanträchtegungtegung hunn.
Dës Persounen, déi fir dës Aarbecht bezuelt ginn, si fäeg a Liichter Sprooch op Däitsch ze liesen (“Leichte Sprache”). Si proposéieren Ännerunge fir sécherzestellen, datt d’Texter korrekt de Reegele vun der Liichter Sprooch entspriechen.
Firwat ass dat esou wichteg?
D’Préiwer vum Atelier Isie sinn d’Experten. Si sinn déi eenzeg déi genau wëssen ob en Text wierklech einfach ze verstoen ass. Ouni hir Validatioun kann en Dokument net den Easy-to-Read Logo vun Inclusion Europe kréien.
E konkreten Dag am Atelier Isie
D’Participante vum Atelier Isie maachen net nëmmen Aarbecht fir Klaro. Si schaffen och um Computer, schreiwen E-Mailen, maache Bürosaarbecht, schaffen un enger Zeitung a maachen Erklärungsvideoen. All dës Aktivitéiten hëllefen hinne berufflech Kompetenzen opzebauen.
Zesummenaarbecht mat der Verwaltung an der Gesellschaft
Den Atelier Isie ass e wichtegt Beispill vu Ko-Produktioun: Professionell Leit vu Klaro schaffe mat den Experte vum Atelier Isie zesummen. Si entwéckelen zesummen d’Inhalter – souwuel Text wéi och Biller. D’Experte préiwen ob en Text einfach ze verstoen ass. Si tauschen nei Iddie fir accessibel Kommunikatioun aus.
Succès-Geschichten
D’Mataarbechter vum Inneministère hunn d’Texter a Liichter Sprooch zesumme mam Klaro an der Préifgrupp vun den APEMH-Atelieren erstallt. Dëst gëllt fir wichteg Informatiounen op Infocrise.lu, mä och fir Walmaterial, Guichet.lu-Fichen a vill méi.
Schonn 2017 huet den ZPB (Zentrum fir politesch Bildung) zesumme mat Klaro en Heft an e Plakat zu de Gemengewalen a Liichter Sprooch erausginn. D’Piktogrammer, déi benotzt goufen, kommen och vun de Leit am Atelier Isie.
Méi wéi eng Aarbecht – eng Missioun
D’Participante vum Atelier Isie maachen net nëmmen eng Aarbecht. Si leeschten en essentielle Bäitrag zu enger méi inklusiver Gesellschaft. Si suergen dofir, datt Informatioune fir jiddereen zougänglech sinn – an domadder fir méi Autonomie, méi Participatioun a méi Demokratie.