Klaro am Detail – Wéi de Kompetenzzenter funktionéiert

D’Häerz vun der Liichter Sprooch zu Lëtzebuerg

Klaro ass den offizielle Kompetenzzenter fir Liicht Sprooch zu Lëtzebuerg a gehéiert zur APEMH Menschen mit einer intellektueller Beeinträchtigung und deren Familien.

Wéini ass Klaro entstanen?

Am Joer 2011 huet Lëtzebuerg d’UN-Konventioun iwwer d’Rechter vu Persoune mat Behënnerungen ënnerschriwwen. Ee Joer méi spéit, 2012, ass Klaro gegrënnt ginn. Zanter déier Zäit setzt sech den Zenter dofir an, datt Liicht Sprooch am ganze Land ka benotzt gëtt.

Wéi funktionéiert Klaro?

Haut schaffen dräi Leit bei Klaro. Hir Haaptmissioune sinn:

1. Informéieren a Sensibiliséieren
Klaro ass do fir jiddereen – fir Persounen an Organisatiounen, déi sech iwwer Liicht Sprooch an accessibel Kommunikatioun informéiere wëllen.

2. Formatiounen ubidden
Mataarbechter vu Klaro ginn och Coursen. D’Formatioune weise wéi een Texter méi kloer schreiwen an Dokumenter méi zougängleche gestalte kann. Vill Atelieren a Coachinge fannen am Schlass zu Bettange-sur-Mess statt, mee och um INAP fir d’ëffentlech Verwaltung z’ënnerstëtzen.

3. Iwwersetzungen a Validatioun
Wann een Text a Liichter Sprooch geschriwwe gëtt, schéckt een dësen un Klaro. Klaro schéckt den Text un hir Zesummenaarbechter mat intellektueller Beanträchtegung, fir den Text ze préifen. D’Préifgrupp vun den APEMH-Ateliere schafft zesumme mam Klaro fir ze kucken ob en Text wierklech einfach ze verstoen ass.

Zesummenaarbecht mat anere Partneren

Klaro schafft enk mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesummen un der Entwécklung vu Reegele fir eng Liicht Sprooch op Lëtzebuergesch. Dës Reegele solle bis Enn 2025 fäerdeg sinn.

Klaro ass och Partner vum Guichet.lu, Infocrise.lu a vum Famillje- a Integratiounsministère. Klaro hëlleft och bei aneren europäeschen Initiative wéi Accessilingua, en Tool mat Kënschtlecher Intelligenz fir automatesch Iwwersetzungen a Liicht Sprooch ze maachen.

Firwat ass Klaro wichteg?

Ouni Klaro wär et schwéier fir Lëtzebuerg grouss Quantitéiten un Texter a Liicht Sprooch ze produzéieren. De Prozess ass komplex an zäitopwänneg. Mä dank Klaro kënne Ministèren, Gemenge, Schoulen an och privat Organisatiounen hir Informatiounen zougänglech maachen – an domat méi Leit erreechen a participéiere loossen.


Quellen: